De „Meilleurs Sportifs“ ermëttelt déi SchülerInnen, déi wärend dem ganze Schouljoer am meeschten an den LCD-Sportsektiounen an op LASEL-Manifestatiounen matgemaach hunn. Et ginn ëmmer Punkten, wann ee matmécht .

Sou kriss du Punkten:

1 x Sportsektioun: 20 Punkten

1 x LASEL -Participatioun: 50 Punkten

TOP 1-10 LASEL- Plaz: 10- 100 BONUS-Punkten

Um Enn vum Joer steet da fir déi bescht SchülerInnen (Meilleurs Sportifs am LCD)  als Belounung e flotte Sportsausfluch vun 1-2 Deeg um Programm: vu Kajakfueren iwwert Klammpark, Wakeboarden, Haale-Schi a Surfe bis hin zu engem Dag Funpark war schonn alles dobäi.

Hei de Video vum Sportausflug 2019:

https://vimeo.com/711201842