Den LCD verfüügt iwwert ganz grouss Sportkapazitéiten, wou d’Schüler hir sportmotoresch Fäegkeeten an hir sozial-kooperativ Kompetenze verbessere kënnen. De schoulinterne Sport-Léierplang, an deem präzis Inhalter op all deene verschiddene Klassestufen ausgeschafft gi sinn, erméiglecht dem Schüler, divers Sportaarten iwwert d’Joren am LCD auszeprobéieren.

Si solle Freed um Sport an un der Beweegung kréien a motivéiert sinn, nieft der Schoul och sportlech aktiv ze ginn.

D’Kanner kënnen am LCD an hirer Fräizäit (an der Mëttesstonn an och no der Schoul) un diverse sportlechen Aktivitéiten (Sportsektiounen) a Competitiounen (LASEL) deelhuelen.

An enger flotter Hal am ale Gebai, esou wéi an enger andeelbarer grousser Hal am neie Gebai (Pyramid) kréien d’Schüler d’Méiglechkeet, vill verschidde Sportaarten auszeprobéieren.

Niewent deene méi klassesche Ballsportaarten (e.a. Handball, Volleyball, Fussball a Basketball), gesi si nach alternativ Ekippesportaarte wéi Tchoukball, Kinball, Ultimate asw.

Geräteturnen, Akrobatik, rhythmesch Aktivitéiten a Kampfsportaarte sinn och am Léierplang virgesinn.

An der Pyramid steet de Schüler eng flott Klammwand zur Verfügung.

Zwou Mezzanine mat Dëschtennisdëscher, esou wéi e klenge Fitnessraum kënne vun de Schüler genotzt ginn.

An der grousser Baussesportanlag fannen d‘Schüler eng 400m Liichathletikspist mat zousätzleche Méiglechkeeten, wéi z.B. Wäitsprong, Héichsprong, Kugelstoussen asw.

Dräi flott Beachvolleyballterrainen, zwee grouss syntheetesch a Wisen-Terrainen maachen den Outdoorsport am LCD attraktiv.

Den LCD verfüügt iwwert 25 Vëloe mat deenen sech d‘Schüler ënnert anerem Mountainbikeskills uneegne kënnen.

Déi Dikkrecher Piscine gëtt genotzt, fir de Schüler e.a. Schwammtechniken, Tuermsprangen, Tauchen a Sauvetage bäizebréngen.

2e- an 1ère-Schüler kennen am LCD am Ufank vum Schouljoer hir Sport-Optioune wielen an sou hiren Intressen nogoen. Niewent deene méi klassesche Sportaarte kënnen d’Schüler och alternativ Aktivitéite wéi z.B. Salsa, Rugby a Mini-Tennis wielen.

Ab der 3e kënnen d’LCD-Schüler de Couco-Sport auswielen, wou hinnen niewent deene sportmotoresche Fäegkeeten och nach theoretesch Kenntnisser vermëttelt ginn