Sollten ze vill Schüler/innen ageschriwwe sinn, gëtt een eischten Choix anhand vun folgenden Kontiounen geholl:
- Uerdentlecht Behuelen
- Matschaffen an de Schoulstonnen
- Akzeptabel Zensur
- Aktiv an engagéiert am Schoulsport
- Top physesch Konditioun.
Wann deng sportlech Konditioun noléisst oder net eise Wantersportkritären entsprécht, kann’s de zu all Moment virum Départ ausgeschloss ginn.
Dës Weidere behale mer eis d’Recht fir, dech zu Obertauern aus dem Ski- oder Snowboardkurs eraus ze huelen, wann’s du “absolut Talentfräi” bass fir de Wantersport a just nach e ganze Grupp op häls am Fortschrëtt.
De Choix “Snowboard” bedeit och net onbedéngt, dass du um Snowboard-Cours deelhuele kanns. Dëst ass ofhängeg vun der Unzuel vun den Aschreiwungen. Am Fall wou dëst sollt antreffen, wäerte mir mat dir Récksprooch huelen an dech informéieren.
Bei Ufänger gëtt sportlech Konditioun mat berécksiichtegt.
Fir all weider Froen an Informatiounen kënnt der eis gären per Email kontaktéieren