Logo

Sports News

Badminton Seniors/Juniors
Logo

Exzellent Leeschtung vum LCD den 18/10/18 um Lasel Badminton-Championnat fir Lizenzéierter!

D'Joyce Glover get 1ten bei de Seniorinnen virum Lyse Tréfois an d'Cathy Miguel beleet déi 2. Plaz bei de Juniorinnen no enger spannender Final géint eng Spillerin aus dem LJBM.

Sport no der Schoul

Du wëlls dech no der Schoul oder an der Mëttesstonn auspoweren:

Komm an huel un eiser Sportsektioun deel. Fir den Programm klick hei op d'Foto.

E flotten Sportsausfluch as Belounung fir dain Schwees.

Selfie-Run 4èmes
Logo Logo Logo

Bei engem Selfie-Run vun 3200m op den 4èmes gouf natirlech duerch en strengen Jury vun Non-Participanten den beschten Selfie gekürt.

Riets op der 3. Plaz den Selfie vum Grupp Polska.

Lénks op der 2. Plaz den Selfie vum Grupp FC Chantier 03.

An der Mëtt den Gewënner vum Grupp Selfie-Knipser.

Back to Sports
Logo

D'Sportsdepartement wënscht alle SchülerInnen eng flott Rentrée!!!

Mir hoffen Iech och dëst Joër nees zahlreich aktiv ze gesinn!

Den Sportsausfluch gëtt bis den 26. Oktober bekannt ginn.

Beachvolleyball
Logo

Den 28. Juni hunn zwou Equippen aus dem LCD um Beachvolleyballschampionnat zu Lamadelaine deelgeholl.

LCD1: Boentges Mats, Hansen Tom, Neves Esteves Patrick, Schmitz Jil, Schmitz Sébastien

LCD2: Albers Eve, Lopes Moura Ricardo, Marinho Freitas João, Schaack Léini, Van Zanten Tom

Badminton
Logo Logo

Exzellent 2. Plaz fir de Maxime Schaefer an de Ben Felgen beim Doubles Championnat am Badminton (Kategorie Juniors) de 26. Abrëll.

Bei de Meedercher hunn d'Joanne Delmarque an d'Catherine Hoffmann d'Faarwe vum LCD vertrueden.

Merci hinnen all fir hiren Asaz!

Football Cadettes
Logo

Beim Futsal fir Cadettes, den 1. Februar, sinn d'Meedercher aus dem LCD an der Finale op die ondankbar 2. Plaz komm.

Streetball Minimes mixtes
Logo

Den 19. Abrëll war den LCD mat 3 Dikrecher an 2 Mierscher Equippen op den Streetball an Stad.

Folgend Platzen hunn mir beluecht: Platz 9 + 16: LCDME1 an LCDME2. Platz 20-22: LCD2, LCD1 an LCD3

LCD1: Horozovic Nedzad,Rödel Louis,Mathieu Caroline

LCD2: Micucci Mara, Troes Lina, Cipriano Luca, Scheidweiler Jim

LCD3: Schreiner Félix, Klein Tom, Oliveira Domingos Ana Mariana, Bollendorf Lucie

LCDME1: Wies Thierry, Leches Lesley, Leches Eric

LCDME2: Kries Julien, Morais Gonçalves Beatriz, Morais Gonçalves Soraia, Freitas Gonçalves Francisco

Wanterstage - Fun & Party

Klick einfach op d'Foto an kuck dir den 1. vun 8 Filmer vum Wanterstage mam Titel "fun & party" un.

Brevet Sportif
Logo

Während dem Schouljoer 2016/2017 hunn d’Schüler vun der 3e Optioun Sport déi verschidden Epreuven vum Brevet sportif am Kader vum Cours (Optioun Sport) gemaach. An 4 Kategorien huet een missten eng Sportsepreuve packen, an doropshin krut een Punkten an och eng Medail. Dënschdes den 6. Februar 2018 waren och déi Schüler déi eng Medaile verdéngt haten vum Sportminister Romain Schneider an d’Coque invitéiert ginn fir d’Remise vun engem Diplom an der Medaile. Folgend Schüler hunn eng Medaile kritt:

Goldmedaile: Dahm Philippe Schmidt Elisabeth Reding Laura Reuter Dan Weber Laurent Nipperts Eric

Sëlwermedaile : Delles Joanne Elcheroth Lisa Marie Gira Alexandre Linden Marie-Christine Joanne Oke Khalid Pietrasik Ariel Piotr Schroeder Daniel

Bronzemedaile : Dzogovic Elvina Hoffmann Lucie Sony Smeets Pauline

Volleyball junior mixte
Logo

Den 26. Januar 2018 huet den LCD mat 4 Equippen um Volleyball Championnat 2 géint 2 Mixte deelgeholl. Bei den lizenzéierten Spiller konnten d'Jo-Anne Delmarque an de Laurent Weber den Championstitel nees heem mat op Dikkrech huelen. Bravo un eis zwee Volleyballsspiller!!Eisen aneren Duo Alessia Di Bari/Christophe Bertemes konnten zum Schluss di 10te Plaz beleeën.

Am Championnat vun den net-lizenzéierten Spiller, hunn den Eric Nipperts an Jil Schmitz vollen Asaz gewisen an sech an hirer Poule als éischten klasséiert. An der Final hunn si alles ginn an et sollt just net duer goen fir mat zwee Titelen heemzefueren. Trotzdeem eng exzellent Leeschtung vun eise zwee neien Vizechampion!!! D’Carolina Cabral an de Ruben Jadoul koumen trotz gudder Leeschtung op di 9te Plaz.

LASEL Ski zu Adelboden 2018
Logo Logo

D'Jo-Anne Delmarque, d'Laura Mathieu, de Nicolas Eiffener, de Lorenz Kösters an den Alex Thillen hunn den LCD op de nationale Championnater am alpin Schi zu Adelboden (CH) vertrueden. Des Meeschterschaften ginn zesumme vun der FLS (Fédération Luxembourgeoise de Ski) an der LASEL organiséiert an et triede souwuel lizenséiert wéi net lizenséiert FuererInnen géinteneen un.

Och wann dëst Joer leider keng Podiumsplaz fir eis Schüler bei de net-lizenséierte SchifuererInnen rausgesprong ass, sou hu si sech gutt geschlo um blanken Äis vun der Weltcup-Piste um Chuenisbärgli. Respekt fir hire Courage an hir Leeschtung!

Logo

Jo-Anne DELMARQUE, Laura MATHIEU, Lorenz KÖSTERS, Nicolas EIFFENER an Alex THILLEN

Volleyball
Logo

Den 11. Januar hunn zwou Equippen aus dem LCD um Volleyballschampionnat Cadets/Cadettes am 2 géint 2 deelgeholl.

Déi 3 Meedercher an 3 Jongen hunn mat ganzem Asaz hir Bescht ginn, a konnte schlussendlech eng 5 an eng 6 Plaz fir sech ausmaan.

Spiller: Lamadrid Raach Anaïs, Tock Eric, Beirao Jo, Mergen Lou, Schmitz Jil a Reiland Emma-Lena

Initiatioun Boulderen
Logo

Den 7. Dezember huet den LCD un der Initiatioun am Boulderen deelgeholl, wou en facettenreicht Klammen um Program stoung; vun Boulderen iwert Parcours-Klammen hin zu Speed-Klammen.

Mat vun der Partie waren: Weyrich Laura Maité, Rütze Marie, Christen Kim, Christen Lis, Bock Frank, Resch Lucy-Cynthia, Weyrich Mike.

Dëschtennis Cat. D
Logo

Den LCD an den LCDME hunn den 16.11.17 um Dëschtennischampionnat fir Lizenzéiert Spiller an der Kategorie D am Atert Lycée zu Réiden deelgeholl. Déi 4 Schüler hunn gutt gekämpft, konnten sech awer net um Podium placéieren.

Spiller vum LCD: Liam Bloden. Spiller vum LCDME: Wouters Guillaume, Anelli Maximilien, Küntsch Joshua

Streetball
Logo

Den 23. November hunn 3 Equippen aus dem LCD um Streetball um Geesseknäppchen deelgeholl. No der éischter gudder Ronn hunn sech 2 Equippen fir den Tour final klasséiert. D‘Equipe LCD2 huet et souguer bis an d’Véierelsfinall gepackt. Insgesamt hunn 32 Equippen deelgeholl.

Klassement: 5. Platz LCD2, 9. Platz LCD1, 24. Platz LCD3

Fir den LCD hunn matgespillt: LCD1: Max Catherine, Jacqué Arnaud, Hoffmann Leo LCD2: Oly Jo, Zenners Eric, Hansen Tom LCD3: Meyers Jill, Schmitz Sébastien, Lopes Moura Ricardo, Neves Esteves Patrick

Handball ISF Qualifikatioun
Logo

Trotz guddem Asaz huet den LCD dëst Joer net de Wee an d'Finalronn vun der ISF-Qualifikatioun am Handball geschafft, sou datt mat enger 3. Plaz an der Virronn Schluss war.

Vertrueden gouffen d'Faarwe vum LCD vum: Mats Boentges, Ricardo Moura, Patrick Esteves, Hugo Pleno Dias, Ben Felgen, Emir Mujanovic, Christophe Bertemes.

Axxess Cross
Logo Logo

Den 19. Oktober huet den LCD um Axxess-Cross am Bambësch deelgeholl. 542 Schüler aus 26 Schoulen hunn deelgeholl

Bei den Meedercher koum Joana Lourenco mat enger Victoire an senger 1. Course op de Podium ënner 148 Konkurentinnen. Bei den Jongen konn och den Mike Weyrich als 3. sech eng Plaz op der Trëppchen sëcheren.

Relais Orange
Logo

Beim Relais Orange op der Kockelscheier konnten eis Meedercher vum LCD sëch op der 3. Plaz behaapten.

Béatrice, Alyssia, Dana, Claire, Lynn, Lena.

Rentree 2017-2018

D'Sportsdepartement wënscht allen SchülerInnen eng flott Rentrée!!!

D'Sportsektiounen fänken den 25. September un.

Den Sportsausfluch gëtt bis den 27. Oktober bekannt ginn.

Olympiadag vum COSL
Logo Logo

Den 30. Juni huet den LCD/LCDME um Olympiadag 2017 mam Motto Integratioun deelgeholl. Mat dobäi waren 5CM1 aus dem dikkrëscher Gebei an d'Classe d'accueil aus dem mierscher Gebei. An 4 Atelieren (Handball, Dëschtennis, Flag-Football, Klammen) an 4 Gruppen konnten d'Schüler mateneen an géinteneen Sport dreiwen.

Beachvolleyball vun den Proffen
Logo

Beim Beachvolleyball Turnéier fir Proffen haat den LCD/LCDME dëst Joër d'Nues fir.

Kim Frédérick, Anne Ludivig, Paul Kohn, David Jachec

Ronderëm de Séi
Logo Logo

Och dëst Joër war den LCD mat enger ganzer Reih LeeferInnen beim 7km-Laf Ronderëm de Séi vertrueden.

Verschiddener hunn ët souguer nach mam Velo Heem gepackt.

Gym Open 2017
Logo

Ganz gudd Leeschtungen hunn Schüler/Innen nees um Gym Open gewisen an verschidden Podiumen besaat; Super, weider sou!

Bei den Jongen: Yann: 2. Plaz bei den JG minimes non-aff. / Yannick: 1. Plaz bei den JG cadets non-aff.

Bei den Meedercher: 3. Plaz vum Vicky an 1. Plaz vum Emma bei den JF cadettes non-aff.

Turner vum LCD: Kim, Lis, Emma, Ly, Vicky, Chiara, Nora, Nora S., Yann, Yannick.

Wanterstage 2017 - De Film

Traditionell ass pünktlech mam Ofschlossiessen vum Wanterstage 2017 och den diesjähregen Film presentéiert ginn.

Vill flott Momenter, vill lächend Gesiichter, vill Schnéi, vill Spaass an Villes méi!

Den Temoignage; kuck dir en un! (Foto klicken)

Tetrathlon 2017
Logo

Den 23. Mai war den alljähregen Tetrathlon, organiséiert vum LCD. 180 Schüler/Innen waren ugemellt an 160 sinn ugetrueden, fir sëch am Sprint, Kugelstoussen, Wäitsprong an Demifond ze moossen.

Och dëst Joër waren mir nees mat enger ganzer Reih Schüler/Innen um Start. Am General koumen d'Jongen vum LCD op die 3. Plaz an d'Meedercher op die 4. Plaz. Bei den Cadet konnt den David M'Bang um Schluss souguer ganz uewen op d'Träppchen klammen.

En Bravo un all d'Athleten, an en Merci un all Schüler an Proffen die gehollef hunn.

Parkour
Logo

Den 18. Mai war och den LCD mat SchülerInnen bei der Initiatioun Parkour vun der LASEL dobäi. Bei ronn 115 ageschriwwenen SchülerInnen an dem ganz héigen Niveau an den Battles zum Schluss, war eng flott Ambiance an Stëmmung garantéiert.

Volleyball mixte 2-2
Logo Logo

Den 23. Mäerz huet den LCD mat 3 Equipen um Volleyball Championnat 2 géint 2 deelgeholl.

Bei den lizenzéierten Spiller konnten Joanne Delles an Laurent Weber sëch op der éischter Plaz klasséieren. Mat groussem Asaz hunn Constance Meis an Alex Thillen di 9. Plaz beluegt.

Am Championnat vun den net-lizenzéierten Spiller, hunn Alexandra Weber an Mats Boentges vollen Asaaz gewisen an sëch zum Schluss op 8. Plaz klasséiert.

Handball minimes non-affiliés
Logo

Exzellent 3. Plaz vum LCD beim Handball fir Net-Lizenzéierter de 16. März 2017 am Athenée!

Bravo un de Felix Frauenberg, Tim Kraemer, Tanguy Meulemans, Eric Tock, Jo Beirao, a Pablo Garcia.

LASEL Snowboard zu Achenkirch
Logo

Den LCD an LCDME huet mat 3 Schüler/Innen un der 1. Snowboardmeeschterschaft vun der LASEL deelgeholl. An 2 Kategorien hunn Snowboarder sëch missen beweisen: Am Boardercross an am Parallelslalom. Hei as Kyana no enger spannender Final op die 2. Plaz am Parallelslalom komm. An der Gesamtwertung kommen den Jules op die 2. an Tobias op die 3. Plaz.

D'Snowboarder waren: Kyana Crnovrsanin, Jules Wampach an Tobias Kisters.

Interclasses 9èmes
Logo

D'Klass vun der 9PO5 setzt sëch am Penaltyschéissen géint 9TE1 duerch, a gewënnt domadder den INTERCLASSES 2016/17 am Futsall an der Categorie Cadets.

Boulderen
Logo Logo Logo

Um Boulder Championnat konnten d'Klëmmer vum LCD sëch alleguerten eng Plaz ënnert den éischten 5 an hirer jeweileger Kategorie sëcheren.

Dobäi sinn nët manner wéi 5 Championstitelen rausgesprong an den Anselm war den eezegen mat 30/30 gepackten Boulder ënnert 79 Klëmmer.

Klëmmer vum LCD: Kim, Lis, Kyana, Anne, Lena, Laura, Anselm, Loris, Yann.

Handball non-affiliés
Logo

Eng 8. Plaz ënner 9 Konkurrenten ass fir den LCD beim Lasel Handball fir Non-affiliés rausgesprong.

Merci fir den Asaz: Paulo Almeida, Sam Disiviscour, Veledin Pilici, Tim Kraemer, Lou Mergen, André Gonçalves, Eric Tock a Felix Frauenberg.

Interclasses Football 7èmes
Logo

Beim Interclasse Football Championnat fir 7èmen konnten sëch Spiller/Innen vun der 7O4 an der Final behaapten.

Trailer vum Wanterstage 2017

140 Schüler/Innen fueren och dëst Joër rëm op Obertauern an den Schnéi.

Waat sie erwaart??

Klick einfach op d'Foto an kuck dir den Trailer un.

Streetball Junior/Senior
Logo

Den LCD huet mat 2 Équipen um Streetball Junior/Senior open mixte deelgeholl.

LCD1: Catherine, Yannick, Alex

LCD2: Alexandra, Elisabeth, Kevin, Leo

Den LCD1 kënnt op déi 10. Plaz an den LCD2 op déi 26. Plaz vun 30 Equipen

LASEL Ski zu Adelboden
Logo Logo

Den LCD war dëst Joer vum 12. bis den 15 Januar mat 6 Schüler op Skimeeschterschaften zu Adelboden. Wiederkonditiounen hunn den Skifuerer alles ofverlangt.

Trotzdem sinn gudd Leeschtungen erbruecht ginn: Den Philippe Dahm gëtt den 7ten, den Nicolas Eiffener den 8ten an den Alex Thillen den 13ten bei den Junior/Senior.

Bei den Damen den der Kategorie Cadettes huet Jo-Anne Delmarque am Slalom eng excellent 2. Plaz erreecht. Chéryl Osch huet sech am Slalom bei den Minime duerchgesat an ass Championne ginn.

Logo

Léini SCHAACK, Philippe DAHM, Nicolas EIFFENER, Alex THILLEN an Jo-Anne DELMARQUE

Kandidaten fir den Wanterstage
Logo

Hei as d'Lëscht mat all den Schüler/Innen déi mat am Wanterstage dobai sinn.

Schüler/Innen op der Reservelëscht ginn kontaktéiert, soubal se norutschen.

Badminton Championnat
Logo

Den LCD huet mat 2 Mixte-Equipen um Badminton Championnat deelgeholl. Trotz gudden Leeschtungen as leider just eng 10. Plaz erausgesprong.

Spiller vum LCD: Tamara, Tessy, Ruben, David.

Interclasses Fussball fir 7èmes
Logo Logo

An der Mëttesstonn lafen eis Interclasses vun den 7èmes am Fussball. All Equipe gett natirlech och vun hiren Supporter ënnerstëtzt.

Folgend 4 Klassen hunn sech fir den Tour final am 2ten Trim qualifizéiert: 7O2/7O3/7ST3/7O4.

Handball Championnat
Logo

Den LCD huet sech an der Final vum Lasel Handball Championnat bei de Jongen missen knapp geschloen ginn. Bravo fir déi gutt Leeschtung!

Spiller vum LCD: Mats Boentges, Pedro Delgado, Sascha Gira, Jan Huberty, Ricardo Moura, Daniel Mota, Yanis N'Gbin, Claude Neissen, Ariel Pietrasik, Max Schaus a Yannick Zimmer.

Wanterstage op Instagram

De Wanterstage vum LCD as elo op Instagram; follow us!

Post #LCD_Wanterstage to be featured.

AXXESS-Cross
Logo Logo

25 Schüler hunn den LCD beim LASEL AXXESS-Cross vertrueden.

Félicitatiounen un d’Laura Weyrich fir seng exzellent 3. Plaz ënnert 110 Kontrahentinnen!

Sportsausfluch

Den LCD fiert den 6. an 7. Juli 2017 op Köln/Riehl fir Wasserski/Wakeboard an op Brühl an d'Phantasialand.

Komm an d'Sportsektioun, sammel Punkten, an reservéier dir mat 800 Punkten 1 vun 20 Plazen!

Aner Schülerinnen an Schüler sinn schon fläisseg um sammelen! Mach dech bäi ier d'Plazen fort sinn.

Badminton
Logo Logo

Exzellent 3. a 5. Plaz am Badminton fir Affiliés, respektiv fir d'Joyce an den Jason Glover.

Bravo fir dës gutt Leeschtungen!

Staffellaf
Logo

Beim Staffellaf op der Kockelscheier koumen d'Meedercher vum LCD op eng gudd 6. Plaz.

D'Jongen konnten sëch souguer op der 5. Plaz behaapten.

No Recrutementsschwieregkeeten waren fir den LCD um Départ: Christophe, Nina, Yanis, Lynn, Karim, Liv, David, Lena, Ruben, Lisa, Ben, Elisabeth.

Cross-Duathlon
Logo

Super Léschtung vum Jang Leyder! Hien packt ët op eng formidabel 2. Plaz!

Um Départ fir den LCD: Jang Leyder

Rentrée 2016-2017

D'Sportsdepartement wënscht allen SchülerInnen eng gutt Rentrée!!!

D'Sportsektiounen fänken den 26. September un.

Den Sportsausfluch gëtt den 10. Oktober bekannt.

AirTrack @ LCD
Logo

Den 12. Juli krut eis d'Sportsdepartement perséinlech vum Bernd Grigat vun AirTrack-Europe deen neien Airtrack geliwert an och eng ausféierlech Aféierung. D'Sportsleit fréen sëch op d'Rentrée 2016/2017 fir zesummen mat den Schüler/Innen hier nei Spillsaach an Asaz ze huelen.

Eiser Direktioun an och AirTrack-Europe en groussen MERCI!.

Eisen Schüler/Innen wënschen mir eng erhuelsam Vakanz ;-)

Beach-Handball Girls
Logo

Den 21. Juni waren d'Meedercher vun der Joint Venture LCD-LCDAM zesummen mat enger Equipe um Beachhandball bei de Meedercher. Sie waren souverän an hunn all hir Matcher gewonnen, mee hunn leider missten "hors classement" spillen.

Spiller vum LCD-LCDAM: Ewa, Anäis, Nora a Michelle a.k.a Hubypiet, Ewana, Kaaskapp an Diso Diva

Initiatioun Boulder
Logo

Vun enger Initiatioun war schon bal nemmi ze schwätzen. An der Ethik vum Boulder-Sport hunn all Klëmmer sëch géigensaiteg gehollef die eenzel Boulder ze meeschteren. Um Schluss haat d'Anne Siebenaller mat 21 Boulder d'Nues fir.

D'Klëmmer vum LCD: Anne, Catherine, Lena, Katrin, Laura.

Mountainbike Championnat
Logo

Die 3 Cyclisten aus dem LCD konnten all op Träppchen. Während d'Anne Mathay an den Jang Leyder ganz uewen um Podium stoungen, koum awer och den Misch Leyder op eng stolz 2. Plaz.

Beach-Handball
Logo

Gutt 5. Plaz vum LCD beim Lasel Beach-Handball zu Lamadelaine.

Spiller vum LCD: Liam, Fränz, Jo, Jan, Tom, Max

Tetrathlon

D'Athleten aus dem LCD hunn alleguer hiert Bescht ginn an konnten um Enn die 1. Plaz bei den Jongen am General an die 5. Plaz bei den Meedercher am General beléen.

WISI-Handball

Spiller/Innen aus dem LCD konnten den 26/05/2016 beim WISI-Handball eng gutt 5. Plaz erausschloën!

Spiller vum LCD: Liz, Lynn, Yannick, Christoph, Ivan, Kevin an Charel

Klammen

All dei Klëmmer, déi nemmi waarden kënnen daat nees Klammen as an eng gratis Entrée um LASEL Championnat kruten, kennen dei lo gären anleisen. Den neien BKL geet op!

Op denen zwee Deeg ka jidfereen matmaachen, also och Schüler, dei nach nie geklomm sinn.

11.06.2016 (Samsdes): BOULDERING YOUNG STARS = 12-16 Joer / 12.06.2016 (Sonndes): Start ROCK THE BLOC

Tour mam Mountainbike

Och ouni Sportshaal loossen eis Schüler/Innen aus der Sportsektioun sëch nët vum Sport oofhalen. Am Nomëtteg vum Freiden den 27. Mai, haaten mir eng flott Sortie mam Mountainbike duerch d'Mamerléen.

No e puer Kilometer an e ganze Koup Bulli um Bockel, hunn mir eis dunn op eng gudd Douche an eise Weekend gefreet.

Gym Open

Mat gudden turnereschen Leeschtungen hunn Schüler/Innen vum LCD sëch eng Reih Podiumsplazen um Gym Open erkämpft; Bravo!

Yann: 1. Plaz bei den JG minimes non-aff. / Emma: 1. Plaz bei den JF minimes non-aff. / Nina: 2. Plaz bei den JF cadettes non-aff.

An bei den Meedercher am Generalklassement hunn eis Meedercher sëch op der 2. Plaz hannert dem Sportlycée klasséiert.

Turner vum LCD: Nora, Tessy, Clara, Emma, Alexandra, Ly, Lena, Nina, Yann, Yordi

Ronderëm de Séi

Et war eng flott Ambiance bei net alt ze schlechtem Wieder um Séi zu Iechternach. Den LCD war mat 67 SchülerInnen an dem Här Ernzen um Départ. En Hi5 un se all fir hier daper Leeschtungen iwwer 7km bei navel dompegen Bedingungen. Um Enn konnt den Misch Leyder sech di 10 Plaz sécheren. Och den Här Ernzen kënnt op eng formidabel 23. Plaz ënner ronn 1200 Leefer.

  • All d'Resultater
  • % % % SOLDES % % %

    Den T-shirt vum Sportsdepartement kriss du lo fir 10€!! Maach schnell soulaang der nach op Stock sinn!!

    Champions Interclasses am Fussball

    Wanterstage - de Film

    140 Schüler/Innen hunn d'Woch vum 19.-26. März zu Obertauern am Schnéi verbruecht.

    Den neien Film vum Stage as lo online.

    Klick einfach op d'Foto.

    Klammchampionnat t.c.

    D'Klëmmer vum LCD hunn bei definitiv schwéieren Voie'en beschten Asaaz gewisen. Um Enn as eng 3. Plaaz bei den Minimes Jongen fir den Chris Degrand an eng 5. an 6. Plaaz bei den Cadettes Meedercher fir Katrin Michels an Lena Trausch rausgesprongen.

    Klëmmer vum LCD: Chris, Félix, Anne, Lena, Eva, Emma, Katrin

    LASEL Ski zu Adelboden

    Félicitatioun un d'Jo-Anne an de Philippe fir hiert gutt Resultat, wat si am Kader vun der LASEL zu Adelboden an der Schwäiz erreecht hunn. Si hunn an hirer jeeweileger Kategorie gewonne:

    D'Jo-Anne huet de "slalom géant" gewonne

    De Philippe huet de "slalom spécial" gewonne

    Awer och grousse Respekt fir die aner Schüler fir hier Leeschtungen, knapp laanscht de Podium.

    Handball minimes non-affiliés

    Gudd gekämpft vum LCD beim Handball fir Minimes non-affiliés, den 10/03/17!

    Spiller vum LCD: Christoph, Sam, Ivan, Charel, Fabrice, Dinis, David

    Boulderchampionnat Seniors/Juniors

    Um Boulderchampionnat am neie Sall vum BKL konnten eis Klëmmer glaich 2 mol och bei der Siegerehrung bis ganz uewen klammen. Den Anselm gëtt Champion bei den Juniors affiliés an den Loris Champion bei den Juniors non-affiliés.

    Klëmmer vum LCD: Anselm, Loris, Sigert

    Volleyball Juniors 2 vs. 2

    Eis 3 LCD-Equipen hunn den 3. März am Volleyball (Juniors mixte, 2 géint 2) eng ganz gudd Leeschtung vollbruecht. Am Championnat vun den liezenséierten Spiller hunn d'Joanne an den Laurent den Titel gewonn; an Lisa mam Jo-Anne an dem Selmir konnten eng fantastesch 4. Plaaz fir sech ausmaachen. Am non-affiliéierten Championnat hunn d'Jil, den Joe an den Veledin mat groussem Asaaz géint gudd Equipen gespillt, a konnten mat enger 8. Plaaz zefridden heemfueren.

    Spiller vum LCD: Joanne, Laurent, Lisa, Jo-Anne, Selmir, Jil, Joe, Veledin

    Volleyball Seniors 6 vs. 6

    Den 4. Februar hunn eis SpillerInnen aus dem Lcd mat vill Engagement an ob héichem Niveau Volleyball gespillt, a konnten eng super 4ten Plaaz vun 13 maachen. Top Leeschtung!

    Spiller vum LCD: Herni, Laurent, Francis, Jean, Agata, Julie, Vicky, Karolina, Jo-Anne

    Fun In Athletics

    Et war wirklech flott an der Coque, leider sinn d'Jongen just 9. ginn an d'Meedercher 12.

    Volleyball Minimes open

    Trotz enger ganz gudder Leeschtung as ët am Enn awer nët duer gang; schued, die nächste Kéier klappt ët.

    Spiller vum LCD: Davide, Florian, Ana, Flavie, Jordy

    Handball non-affiliés

    Ganz gutt 5. Plaz vum LCD um Handballtournoi fir non-affiliés den 18/02/2016!

    Spiller vum LCD: Selmir, Veledin, Paulo, Arsen, Jérémy, Dinis, Ivan, Christoph

    ISF-Qualification

    Topleeschtung vum LCD, deen et bis an d'Finale vun der ISF-Qualification am Handball geschafft haat!

    Spiller vum LCD: Mats Boentges, Jan Huberty, Max Jung, Ricardo Lopes Moura, Daniel Mota, Ariel Pietrasik, Jo Putz, Fränz Rischette, Gil Siebenaler, Liam Zeh

    LASEL Badminton

    Super Asaz vun de Meedercher beim Badminton fir Non-affiliées.

    Spillerinnen vum LCD: Cecilia Said Vieira, Charlotte Meyer, Lara Hansen, Vera Hoffmann, Josephine Wauschkuhn

    Championnat Tennis de Table Cat.D

    Den LCD huet um Dëschtennischampionnat fir Lizenséiert an der Catégorie D géint 2 am Lycée Josy Barthel zu Mamer deelgeholl. Déi 6 SchülerInnen hunn gudd gekämpft an konnten och 2 Podiumen sëcheren.

    Spiller vum LCD: Eisen Mikala, Wolf Domenik, Wecker Alex (3.Platz), Muttesch Tonie, Hoffmann Catherine (2.Platz), Hoffmann Noé

    Volleyballchampionnat 2 géint 2

    Donnëschdes, den 26. November 2015 huet den LCD mat drei Jongenéquipen um Volleyballchampionnat 2 géint 2 am Lycée Josy Barthel zu Mamer deelgeholl. Déi 7 Schüler hunn gudd gekämpft an konnten sech géint déi Schüler aus deenen aneren Lycéen behaapten. Schlussendlëch sin mir mat enger gudder 4, 7 an 11 Plaaz (vun 14 équipen) heemgefuer.

    Spiller vum LCD: Christophe, Jérôme, Jacques, Hugo, Davide, Ivan an Max

    Arena Swimcup

    Ët war eng flott Ambiance. Fir eis Meedercher eng gudd 2. Plaaz hannert dem Sportslycée. Hamen Yaël, Faber Maiti, Merenz Julie, Reding Denise, Hollerich Anne, Weyrich Laura, Colbach Flavie.

    Awer och eis Jongen hunn sech gudd geschloen. Hilbert Jacques, Moris Yannick, Faber Pol, Turmes Maxime, Maas Koob Cédric, Glod David.

    Bravo unn déi 2 Equipen

    Duathlon

    Super Léschtung vum Jang Leyder! Zaitgleich mam 1., huet de Jang déi 2. Plaaz um Podium gemach.

    Um Départ fir den LCD: Jang Leyder